Wëlls du méi doriwwer wëssen, wéi s du dengem Business a Krisenzäite an duerno hëllefe kanns? Klick op de Knäppchen hei drënner an eise Facebook Bot schéckt dir den E-Book.
De Coronavirus huet d’Weltwirtschaft ausgebremst. Butteker ginn zou, d’Aktien falen… Keen weess, wéi laang dat nach dauert. Ass et Zäit fir Marketer an Panik ze geroden? Oder ass et eng Chance?
Loosst eis pessimistesch ufänken. Fir d’éischt kucke mer eis un, wéi d’Bourse reagéiert huet, wéi d’WHO de Coronavirus als Pandemie deklaréiert huet. D’Aktiemäert sinn den Indikator fir d’Stëmmung an der Gesellschaft. All Indexe falen, souguer d’Krypto-Währunge sinn drastesch gefall. D’Bourse goung séier an de Panik-Modus…

Dëst ass de Fall vum S&P 500 Index am leschte Mount.

Marketing-Kris?
Et geet net nëmmen ëm d’Bourse. Vill Entreprisen hu misst d’Produktioun stoppen a Käschte reduzéieren. Domat verbonne ginn och d’Marketing-Budgeten weltwäit gekierzt. Dat gesäit een däitlech un den Daten aus Asien, déi eis ee Mount viraus sinn. All Mediekäschte ginn zréck. (Quell: WARC)

Et schéngt logesch. Marketer an Entreprisë wëssen net, wat passéiere wäert. Dofir hale si sech mat Käschten a Pläng zréck, just fir sécher ze goen. Vill Firmen hu scho ugefaangen, verschidde Strategien jee no geschätzten wirtschaftlechen Impakt auszeschaffen.
Mee mécht et wierklech Sënn, d’Marketing-Aktivitéiten ze pauséieren?
Loosst eis dat aus enger anerer Perspektiv kucken. D’Date aus Asien weisen eis eng aner wichteg Saach, déi mir schonn intuitiv gemierkt hunn.
Den deeglechen TV-Konsum (an de Konsum vun Online-Channellen) ass rasant geklommen.

Wie kuckt grad net méi TV-Noriichten wéi virdrun? Wie léisst seng Kanner keng Filmer kucken, wa se doheem sinn? Wie verbréngt net méi Zäit mat Online-Kommunikatioun? Wien huet Netflix net scho vira an hannen no neien oder nach onentdeckte Serien duerchsicht?
D’Televisiounssender bemierken e Wuesstem bei de Zuschauer, d’Campagnë vun de Konkurrenten ginn op onbestëmmten Zäit verréckelt. Eng méi grouss Reach ze kréien ass elo vill méi einfach wéi virdrun.
Online an e puer aner Channelle wuessen
De Verkaf huet sech op Liewensmëttel, Hygiènesprodukter a Medikamenter limitéiert. An dës Kanäl wuessen.
No den Daten vum chinesesche E-Shop Tmall ass de Verkaf vu Masken op 107,2 Mio. geklommen (am Verglach zu 587.177 d’lescht Joer), antibakteriell Produkter sinn ëm 3271% geklommen a Vitaminnen ëm 3171%. Dat seet vill iwwer d’Verännerung vun den aktuelle Bedierfnesser aus, awer och iwwer d’Tatsaach, datt Apdikten am Opschwong sinn. (Quell: YIMIAN)
De Verkaf vu Luxusprodukter fält, mee wann d’Leit kafen, da kafe si fir Reserven ze maachen. Dëst ass eng Chance fir FMCG-Marken.
E-Shops sinn am Opschwong
Tesco huet Schwieregkeeten, der Demande fir Liwwerungen nozekommen (Amazon och), an d’Liwwerdéngschter si méi wéi ausgelascht. Wann een d’historesch Daten kuckt, huet den E-Commerce während der MERS-Epidemie an Südkorea am Joer 2015 e massive Wuesstem erlieft. Haut ass d’E-Commerce-Industrie vill méi grouss. Marken, déi schonn eng Online-Distributioun hunn, hu grouss Chancen fir ze wuessen. (Quell: WARC an YIMIAN).
A wéi passen d’Motorfuerer hei dran?
Wann een am Auto fiert an en Hindernis virun sech gesäit, ass déi typesch Reaktioun direkt ze bremsen. Mir hoffen, datt den ABS-System funktionéiert. Sou reagéieren d’Firmen traditionell op eng Kris. Si reduzéieren d’Ausgaben, kierzen d’Käschten an hoffen genuch Ressourcen ze hunn fir ze iwwerliewen.
Motorfuerer dogéint wëssen, datt si net sou reagéiere kënnen. Si si séier ënnerwee, hu keng Airbags a wa se eng Kollisioun hunn, ass de Problem vill méi grouss. Dofir wësse si, datt dat Bescht ass, den Hindernis ze ëmfueren. Idealerweis, amplaz ze bremsen, soll een Gas ginn an d’Gefor emgoen. Geschwindegkeet bréngt dech net ëm, mee e staarkt Bremsen scho.

Jo, d’Motorfuerer kéinten als onverantwortlech gëllen. Mee Entreprise funktionéieren nom selwechte Prinzip. Si probéieren sou séier wéi méiglech ze fueren, well keng iwwerlieft, wann se komplett stoe bleift.
Ech mengen, datt Entreprise sech méi wéi Motorfuerer verhale sollten. Fir Gefor ze vermeiden, kënne mir eis kee staarkt Bremsen erlaben. Mir mussen drëms erëmfueren an acceleréieren. Kuckt d’Firmen, déi direkt ugefaangen hunn, Masken ze bitzen oder Desinfektiounsmëttelen ze produzéieren.
Dat typescht Verhalen vun Autofuerer féiert zu Stauen (an an der Economie zu enger Kris). Heiansdo souguer zu engem komplett onnéidege Stau. Et geet duer, wann den éischten Auto ufänkt ze bremsen, deen nächsten nach méi staark bremst an sou d’Strooss blockéiert gëtt.
Wat Motorfuerer de Marketer elo rode géifen:
- D’Medien hunn elo eng méi grouss Reach (TV an Online) – et lount sech, do ze investéieren
- Deng Konkurrenten kierzen hir Budgeten – d’Opmierksamkeet vun de Clienten ze gewannen ass elo méi bëlleg
- E puer Segmenter wuessen – Kommunikatioun mécht Sënn, besonnesch fir FMCG an Hygiènesprodukter
- Online-Kanäl wuessen – et lount sech an Online-Publicitéit an E-Commerce ze investéieren
- OOH (Plakatwief) mécht kee Sënn, well d’Leit doheem bleiwen
- Pass däi Geschäftsmodell un – vermeit den Hindernis op eng kreativ Manéier
- Iwwerpréif deng Campagnen – lancéier keng Pläng, just well se geplangt waren
- Fokuséier dech op d’Zukunft, d’Zäit wou s du nees muss acceleréieren
- Bereet verschidde Strategien vir – hu ëmmer en Auswäichmanöver parat
Natierlech gëtt alles méi lues.
Grouss Eventer wéi d’UEFA Euro 2020 sinn op d’nächst Joer verréckelt, d’Olympesch Spiller och. Dat bréngt grouss Kierzunge bei de Marketing-Budgeten mat sech. Vill Hiersteller maachen hir Fabriken zou.
Vill Entreprisë wäerte grouss Verloschter duerch d’Pandemie hunn. Eis Cliente si betraff vu zouenen Büroen, Geschäfter, Restauranten a Baren, an d’Reesbranche wäert och staark leiden.
Op der anerer Säit bréngt dat alles vill Chancen mat sech. Dir kënnt net aus enger Kris erauskommen, ausser dir bleift a Beweegung.




