Zréck op de BloggZréck op de Blog

F8: Ass dat d’Enn vu Facebook als sozialen Netzwierk? | Kontentino

Kontentino
Geschriwwen vum
Kontentino
Inhalt
Connectivity SystemerTerragraphAQUILATether-tennaFacebook AIProduktiouns-Boom bei 360-Grad-FotoenAR BrëllerBuilding 8


Du weess sécherlech, datt d’F8, déi momentan stattfënnt, eng vun de spannendste Social Media Konferenzen op der Welt ass. An dësem Blog brénge mir dir déi neiste News direkt aus San Jose. Wann s du keng Ahnung hat s, wéi eng nei Saache Facebook an eist Liewe brénge kéint, da gëss du elo iwwerrascht. Facebook hëlt eis mat an nei Tech-Galaxien.

Facebook wëll eng konsequent an héichwäerteg Internitverbindung erreechen. Si denken dobäi net nëmmen u Plaze wou et schwéier ass, online ze kommen, mee och u Plaze mat “blanne Verbindungen”. A séier wuessenden Ekonomien ass d’Geschwindegkeet vum Datentransfer dacks lues. Mobil Netzwierker packen dacks net méi wéi 2G. Villmools geet et ëm WIFI, LTE-Kommunikatioun oder däin 4G. Dëst Phenomeen wiisst duerch déi vill qualitativ héichwäerteg Fotoen a Videoen, déi Facebook ëmmer méi erfuerdert.

An dofir schafft de Facebook Connectivity Lab un neien ënnerierdesche Systemer fir d’Geschwindegkeet vum Internet ze verbesseren – jo, du lies richteg, et besteet d’Méiglechkeet vun enger neier Aart vun Internetverbindung:

Facebook huet och en neie kabellose System mat enger 60GHz Frequenz virgestallt, deen d’Verbindungsproblemer an iwwerfëllte Stied mat villen Leit léise soll. Et ass bëlleg awer effektiv. Standard Wi-Fi schafft normalerweis op 2,4 GHz oder 5 GHz Frequenzen, dëst hei kéint also 10-mol méi Date transferéieren. Kanns du dir dat virstellen?

Dëse Projet baséiert op engem klenge Solarfliger, deen am Ganze bal 90 Deeg op enger Héicht vun iwwer 13 km fléie kann. De Fliger kann e Radius vu 50 km ofdecken an e Wi-Fi oder LTE Netzwierk opbauen. Dës Léisung wäert ganz hëllefräich sinn op Plazen, wou eng Verbindung iwwerhaapt net méiglech ass.

Wann dëst Thema dech interesséiert, kanns du méi doriwwer op OpenCellular a Flying Aquila liesen. Wann een dëse klenge Fliger gesäit, mierkt een, datt dem Facebook seng Ambitioun driwwer erausgeet, just e Social Media Netzwierk ze sinn.

https://www.youtube.com/watch?v=eOez_Hk80TI&feature=youtu.be

Si hunn och e klenge Helikopter virgestallt, deen un engem Kabel hänkt an als mobillen virtuelle Mast funktionéiert. En kéint a Krichssituatiounen oder bei Naturkatastrophen agesat ginn, wou séier Hëllef néideg ass.

En weideren interessante Plang ass den Open Computer Projet, bei deem Facebook eng Community vun iwwer 200 Marken vernetzt. D’Zil ass et, Daten fräi ze deelen an hire Wuesstem ze beschleunegen. Zur Community gehéiere scho Microsoft, HP, Quanta, Rackspace, Goldman Sachs, Apple an anerer.

Dëst si verschidden Algorithmen, déi net nëmmen Keywords erkennen, mee och de ganze Kontext, wéi zum Beispill verschidde Situatiounen oder Kierperbeweegungen. Facebook Algorithmen duerchsichen iwwer 1 Millioun Frames an enger Sekonn an doduerch entwéckele se sech séier weider. Et geet net nëmmen ëm d’Erkennung vun enger Situatioun, mee och ëm d’Verständnis, wat zu weidere Prognosen féiere wäert.

Facebook bréngt vill spannend Neiegkeeten an eng dovunner sinn hir eege Kameraen:

x24 surround 360
x6 surround 360

Problemer mat 360-Grad-Fotoe louge virun allem am limitéierte Siichtfeld. D’Biller op de Säite hu net wierklech genuch ausgesinn. Du konnts dech zwar emkucken, mee wann s du däi Kapp e bësse beweegt has, huet de Bléckwénkel sech net verännert. Sou gouf d’Zeenerie ëmmer manner real.

Dofir huet Facebook eng nei Aart vu Kamera entwéckelt. Déi beweeglech Deeler vun der Kamera erlaben et, den Effekt ze erzielen, datt een ëm d’Eck kucke kann (oder op d’mannst e bëssen hannert en Objet), an op dës Manéier kann ee sphäresch Videoe erstellen.

Deen anere grousse Moment: transparent Brëller, duerch déi déi alldeeglech Realitéit virtuell ka ginn. Stell dir vir, du ëss däin Glace an driwwer steet d’Informatioun, datt dat 3 km Lafen entsprécht. Oder du gees méi no un en Text an enger anerer Sprooch an du kriss direkt d’Iwwersetzung ugewisen. Ganz einfach. Dat ass awer nach just eng Visioun; d’Technologie an d’Produkt feelen nach (fir de Moment).

A wéi wier et mat Tippen direkt aus dem Gehir mat enger Geschwindegkeet vun 100 Wierder pro Minutt? Gesäit aus wéi “Mission Impossible”? Facebook schafft tatsächlech un dësem Hardware-Produkt. Experten aus der ganzer Welt versichen dës Visioun an d’Realitéit ëmzestellen. Mir hunn e Beispill vun enger Technologie gesinn, bei där ee mat sengem Computer duerch seng gedanke kommunizéiere konnt.

Dat hei sinn d’Highlights, déi dëst Joer d’Facebook Developer Konferenz F8 markéiert hunn. Iwwerrascht? Begeeschtert? Oder duercherneen? Et gëtt definitiv vill iwwerzeleeën an ze diskutéieren 🙂

Kontentino social management tool

Iwwer 1,2M geplangte Posts am leschte
Joer vu Benotzer genau wéi dir.