An dësem éischte Blogpost hu mir iech déi neiste News vun der Facebook Konferenz F8 gewisen. Hei schwätze mir iwwer Virtual Reality a wéi Facebook Deel vun dëser spannender technologescher Zukunft wäert sinn.
Augmented Reality & Virtual Reality op engem neien Niveau
D’Leit besichen Facebook virun allem fir Spaass ze hunn a mat hire Frënn a Kontakt ze bleiwen. Fir d’Plattform interessant ze halen, upgrade Facebook säi System an dëst Joer kënnege si speziell AR-Simulatiounen an 3D-Kamera-Effekter fir Real-Time Shots un. D’Realitéit gëtt definitiv verbessert! 🙂
“MIR MAACHEN D’KAMERA ZUR ÉISCHTER AUGMENTED REALITY PLATTFORM” M. Zuckerberg
FRAME Studio
Mat dësem neien Tool kënne mir nei Visuals erstellen fir Fotoen oder Videoen méi attraktiv an amüsant ze gestalten.

AR Studio
Mat dësem Tool kënne mir eis eege Masken erstellen an eis eege Augmented Reality upassen. Riicht d’Kamera einfach op iergendee Beräich oder Objet an huelt un engem AR-Spill deel. Loosst ärer Fantasie fräie Laf, wéi een dëst Tool fir Marketing oder aner Zwecker notze kann.

De gréisste Fortschrëtt bei AR & VR ass d’Méiglechkeet, dës Daten direkt un d’Developer weiderzeginn. Esou kënne si hir eege VR kreéieren ouni déi ganz Technologie selwer misse programméieren. Dir freet iech vläicht, firwat dat esou eng grouss Saach ass, well Snapchat dat jo am Fong scho mécht. Ganz einfach: Facebook huet et vun enger einfacher App zu engem ganzen Ecosystem vun Applikatiounen an Date weiderentwéckelt.
Facebook Spaces
Ech presentéieren iech déi éischt Virtual Reality, wou s du echt Leit begéine kannst! Stell der vir, ee vun denger Famill oder deng Frënn wunne ganz wäit ewech. Dir kënnt iech uruffen an iech op eng Plaz transferéieren, wou dir iech déi nei Fotoe vum Puppelchen weist a mat der Kamera souguer virtuell heem goe kënnt. Einfach, bequeem a séier mat Frënn a Famill kommunizéieren, egal wou s de bass – dat ass dach den Haaptzweck vu Social Media, oder net?
Facebook Analytics
Analytics, déi alles ofdecken. Dat ass d’Visioun. Egal op vum Web, Facebook Pages, Bots oder souguer engem Offline-Space. Déi éischt Insights waren absolut iwwerzeegend!

Messenger
Iwwer 100.000 Bots an 2 Millioune verschéckte Messagen bestätegen, datt Developer a Marken de Potenzial vum Messenger kennen. Duerch Upgrades gëtt d’Kommunikatioun mat Bots weider verbessert. Facebook wëll och kënschtlech Intelligenz implementéieren. Kleng Gruppe kënne sech op lëschteg Äntwerte freeën a méi grouss Firme kréien Hëllef vun “Assistant M”. Dat gëtt eng ganz einfach a séier Léisung fir alldeeglech Problemer a Bedierfnesser vun de Clienten.
Den Update fokusséiert sech och op de Messenger Code, wat net nëmmen d’Developer, mee och d’Analysten freeë wäert.
An ech hätt bal vergiess: Wat ass mat Spotify an Apple Music am Messenger? Dat ass guer net méi esou wäit an der Zukunft. 🙂





