Wien ass scho gäre schif gewéckelt? Hief d’Hand. Hu mir et dach geduecht. Mir mengen all, mir hätten d’Wourecht gepacht, an du kenns jo de Spréchwuert: De Client ass Kinnek. Deng Clientë kennen hiert Geschäft, mee du kenns däines och. Du weess, wat funktionéiere wäert, mee wéi sees du denger enthusiastescher Clientèle elo Nee? Wéi kanns du an déi Ae voller Hoffnung kucken an e grausamt „NEE“ ausschwätzen?
Wann s du an dëse schwierege Momenter nach deng Problemer hast, da lies weider. Well hei kriss du e puer hëllefräich Tipps.
Diplomatie ass alles
Loosst eis et net „falsch sinn“ nennen. Nenne mir et Sensibilitéit. Diplomatie ass eng Fäegkeet, déi s du ëmmer am Liewe gebrauche kanns. Kommunikatioun ass net nëmmen de Schlëssel zu engem gudde Bestietnes, mee an all Relatioun an dengem Liewen – och an der mat denger Clientèle. Als Account Manager oder Social Media Brand Manager muss du däin eege Wee fannen, fir mat hinnen ze schwätzen. Lauschtert no. Dann d’Accord goen. Hief d’Iddien ervir, déi s du gutt fënns. Duerno si se vill méi oppen, fir deng Proposen ze héieren. Eng aner Léisung ass et, d’Saache perséinlech ze beschwätzen, fir datt de Client sech net virun de Kolleegen bloussgestallt fillt. Maach emol e Witz – de Geck hëlleft an all Situatioun, a loosst eis éierlech sinn: D’Leit hu gär lëschteg an entspaant Leit. Huel d’Liewen net ze sérieux! 🙂
Einfach Kommunikatiounsweeër
Wéi gesot: Wann s du d’Méiglechkeet hast, direkt mat der Clientèle ze schwätzen, da maach dat. Mee kloer, dat geet net ëmmer. Anstatt vun E-Mailen, probéier vläicht eppes méi Modernes wéi Slack oder Campfire. Et geet séier an ass einfach ze benotzen. Ausserdeem muss du net éiweg an den E-Maile sichen, fir eppes erëmzefannen. Et erlaabt dir, Gruppen oder Kategorien ze erstellen, déi no Campagnen organiséiert sinn. Dat ka hëllefen, d’Kommunikatioun vill méi effektiv ze maachen.
via giphy
Zuele sinn däi Backup
Wann deng Clientë sech froen, firwat s du ëmmer owes post, obwuel si dech froen, et moies ze maachen, dann notz d’Zuelen. Analytics an Insights sinn de beschte Wee, fir Resultater ze weisen, ouni d’Leit ze veriergeren oder Stonnen mat Erklärungen ze verbréngen. Et gëtt haut esou vill Analytics-Tools um Maart. Wéi soss wells du deng Performance iwwerhaapt moossen? Deng Strategie muss jo op iergendebes opbauen.
Konstruktive Feedback
Apple huet scho viru laanger Zäit gewosst, datt e frëndleche Feedback d’Leit net direkt virun de Kapp stéisst. Et gi vill Weeër, fir eppes ze kritiséieren oder seng Meenung ze soen. Mee dat hei ass kee Wrestling-Match, wou et drëm geet, wie gewënnt. Du solls ëmmer un den ideale Wee denken, wéi béid Säiten zefridde kënne sinn. De Schlëssel ass Verständnis ze weisen, ouni de „Pushover“ ze sinn; ënnerstëtzen, mee mat enger eegener Meenung an de perfekte Mëttelwee fannen. Hief keng Angscht virun Éierlechkeet – dat hëlleft béide Businesser an der Zukunft. Déi richteg Kritik huet nach ni engem geschat, se hëlleft just.
Gëff hinnen ëmmer eng Optioun
Léifst gëtt keen an den Eck gedréckt. An et gëtt wahrscheinlech ni nëmmen eng eenzeg richteg Äntwert. Och déi bescht Iddien an dengem Kapp kléngen heiansdo anescht, wann ee se haart ausschwätzt. Schreif dofir méi Optiounen op, déi funktionéiere kéinten, a presentéier dës denger Clientèle, wann s du hir éischt Iddi ofleens. Esou hu se d’Gefill, datt se nach ëmmer e Choix hunn an aktiv um Prozess bedeelegt sinn.

via giphy
Et gëtt ëmmer e Wee, fir alles ze klären, du muss just dee richtege Wee fir dech fannen. Béid Säite wëllen an hirem Beräich gutt sinn, an zesumme packt dir dat.

via giphy





