D’Welt vun de Social Media ännert sech all Dag, dofir ass et wichteg, um Lafenden ze bleiwen oder souguer ee Schrëtt virauszeschaffen. Wéi? Maacht en Audit vun Äre Social Media a fann eraus, op wéi d’Plattformen et fir Iech effizient ass aktiv ze sinn an ob Är Kommunikatioun am Verglach mat der Konkurrenz richteg an ausräichend ass.
Wat Dir Iech genee ukucke sollt
Ier Dir ufänkt
Ier Dir mam Audit ufänkt, gitt sécher, datt Dir Iech iwwer d’Zil vun Ärer Kommunikatioun op de soziale Netzwierker am Kloren sidd. Versicht Dir d’Brand Awareness ze stäerken, Leads ze generéieren, de Verkaf ze lueden oder eppes aneres? Egal wéi Är Ziler sinn, Dir musst se kloer definéieren.
Wou kommunizéiert d’Mark?
Erstellt eng Iwwersiicht vun alle Social Media Channels, déi Är Mark benotzt. Bewäert, wéi eng dovun am Hibléck op Är Zielgruppen relevant sinn a wéi vill Prozent vun Äre Cliente wierklech aktiv op där Plattform sinn.
Baséierend drop, decidéiert wou Dir d’Kommunikatioun beende oder aschränke sollt an am Géigesaz dozou, wou Dir méi Zäit a Suen investéiere sollt. Vläicht fannt Dir souguer eraus, datt Dir nei Weeër teste sollt.

Sinn d’Profiler op alle sozialen Netzwierker konsistent?
Kontrolléiert d’Profiler vun Ärer Mark op alle soziale Netzwierker a gitt sécher, datt d’Informatiounen identesch a korrekt sinn. Et geet drëm, datt d’Leit Är Mark iwwerall einfach fanne kënnen. De selwechten Numm an datselwecht Profilbild maachen d’Sich méi einfach, z. B. facebook.com/kontentino amplaz vu facebook.com/48923578395742.
Analyse vun der Audience
E wichtege Schrëtt ass d’Analyse vun der Audience. Ass Är Zielgrupp déi selwecht wéi Är Fans? Wann net, target Dir Är Ads vläicht falsch oder Dir erstellt de falschen Content. Iwwerleet Iech, wéi een Content fir Är Zielgrupp interessant ass a versicht, Är Posts dorop ofzestëmmen.

Auditéiert Äre Content
Erstellt Dir Ären eegene Content, benotzt Dir User-generated Content oder deelt Dir souguer Posts vun anere Säiten? Wéi eng Zorte vu Posts dominéieren? Wann Äert Zil virun allem Traffic op der Websäit ass, sollten Link-Posts dominéieren. Wann Dir e fotogene Produit hutt, benotzt Biller oder Videoen. Reagéiert Är Zielgrupp gär op Interaktiounen? Da probéiert zum Beispill Polls.
Eng heefeg Fro ass d’Frequenz vun de Posts. Analyséiert d’Intensitéit vun Ärer Kommunikatioun. Post Dir nëmmen eemol all puer Méint oder iwwerschwemmt Dir Är Fans all Dag mat Posts? D’Frequenz hänkt vun Ärem Thema an Ärem Zil of. News-Säite mussen zum Beispill e puermol am Dag posten, fir aktuell ze bleiwen. Wann Är Kommunikatioun reng op d’Mark ausgeriicht ass, iwwerlued d’Leit net mat langweilege Posts doriwwer, wéi flott Äre Produit ass. Post léiwer manner dacks an investéiert an d’Qualitéit vum Post. Erreecht esou mat engem gudde Post eng méiglechst grouss Zielgrupp.
Wat ass mam Budget?
Och wann et onvirstellbar schéngt, gëtt et ëmmer nach Leit, déi sech reng op den organic reach verloossen. Sozial Netzwierker si net gratis, betruecht se wéi all anere Reklammraum. Setzt Äre Budget esou, datt Dir de Prozentsaz vun Ärer Zielgrupp erreecht, deen Dir braucht fir Äert Zil ze ginn. Natierlech hänkt de Budget och vun der Unzuel u Posts of. Wann Dir e klengen Budget hutt, erstellt net ze vill Posts.
Detailer zielen
Vergiesst beim Audit net op d’Detailer ze luegen, wéi déi richteg Gréissten a Formater vu Biller a Videoen, hir Qualitéit, den Tone of Voice a d’Benotze vu gekierzten URLen an de Posts.
Last but not least
De leschten, awer wichtegste Punkt vum Audit: d’Regele vun den eenzelne sozialen Netzwierker kennen. Verstéisst Är Compétition vläicht géint d’Regele vu Facebook?
Natierlech kënnt Dir nach vill aner Saachen iwwerpréiwen. Ech recommandéieren Iech mat dëse 7 Schrëtt unzefänken. De nächste Wee gi mir méi an d’Déift.
Vill Erfolleg beim Auditéieren!




